Joy Wersant
PHOTOGRAPHY
Dëse Shooting fënnt baussen statt an dauert ongeféier 1h.
Dir kritt all d'Fotoen déi eppes gi sinn beaarbecht an per Wetransfer geschéckt. Ee minimum vun 25 Fotoen ass garantéiert.
Pregnancy shooting 300€
Wat sollt dir matbréngen?
Dir däerft gäeren 2 verschidden Outfiter matbréngen. Dat ass awer absolut kee Muss. Denkt just drunn, dass d'Faarwen vun ären Kleeder dono immens vill vun der Harmonie vun den Fotoen ausmaachen. Ech hëllefen iech gäeren wann zu deem Thema Froen sinn.
Weider Detailer:
- Wei bei all mengen Shootinger probéieren ech d´Fotoen esou natierlech wei méiglech wierken ze loossen. Wann der een Frënd vun Fotoen virum wäissen Hannergrond, klengen Schéngelcher um Bauch an fixen Posen sidd, sinn ech leider dee falschen Fotograf fir Iech.
- D´Location ass au Choix.
Bei mei onschlëssege Leit hëllefen ech trotzdeem gären mat Ideeën zu Locations.
- De Partner an/oder Geschwëster vum Baby kënne roueg matkommen.
- Bei vill Reen musse mer de Shooting spontan verleeën.

WICHTEG
Ech schwätzen ëmmer mat Iech of, wei eng Fotoen ech däerf verëffentlechen.
Dir dierft natierlech souvill Fotoen verëffentlechen wei der wëllt.
All Foto vun mengen Clienten déi ech ob Facebook erëmfannen mëscht mech glécklech an stolz!
Well ech nie een Waasserzeechen ob meng Fotoen maachen mëscht et mech natierlech duebel sou frou wann ech mäin Numm ënnert der Foto fannen.
Wichteg ass just, dass Dir NET d´Erlaabnis hutt meng Fotoen ze änneren. Sief et duerch eng nei Beaarbechtung oder een Filter.
